Äischer Pompjeeën asbl

Amciale vun de Pompjeeën vum CIS Kiischpelt

D' Äischer Pompjeeën asbl gouf de 25.02.2010, zwecks Ënnerstëtzung vu de lokale Pompjeeë gegrënnt.

Säit hirer Grënnung am Joer 1891 sënn déi Fräiwëlleg Pompjeeë vu kenger kierchlecher oder weltlecher Manifestatioun um Duerf ewechzedenken. Fir d'Pompjeeën op dësem Niveau ze entlasten, hu sech Membere souwéi Ënnerstëtzer vum Corps zesumme gedinn an d' "Äischer Pompjeeën asbl" gegrënnt.

Duerch d’Reform vun de Rettungsdingster am Joer 2018 gouf aus dem Corps Kiischpelt de CIS (Centre d‘intervention et de secours) Kiischpelt deen dem CGDIS (Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours) ënnerstalt ass. Zu dësem Moment gouf dann och d’Veräinsliewe vum operativen Deel getrennt. Eis Organisatioun ass deemno ee rechtlich eegestännege Veräin a keen Organisatiounszweig vum CIS Kiischpelt.

Ween d'Pompjeeën onmëttelbar ënnerstëtze wëll ass bei der Asbl genee richtig. Selbstverständlich ass dëse Veräin net gegrënnt gi fir déi grondsätzlich noutwenneg Uschafunge wéi zum Beispill Asazgefierer oder Ausrëstungsgéigestänn ze erméiglichen. Heifir ass de CGDIS op nationalem Niveau zoustännig.

Et ginn donieft awer finanziell Opwendungen déi kënnen oder dierfen hei net iwwerholl ginn. A genau dëst Lach schléisst d'Asbl a suergt fir eng optimal Ënnerstëtzung vun der Aarbecht vun de Pompjeeën.

De Veräin hutt zudeem d’Missioun de soziale Kontakt tëscht den aktiven an net aktive Membere vum CIS ze erhalen. Sou si mir op ville lokalen Evenementer aktiv, realiséiere Projeten zesummen, bekëmmeren eis ëm d’Gerance vum Sall am Pompjeesbau an gi reegelméissig zesummen op Studierees.

Sollt Dir selwer Interessi hunn der "Äischer Pompjeeën asbl" bäizetrieden oder eis ze ënnerstëtzen, da mellt Eech einfach bei eis. All Support a Matwierken ass Wëllkomm.

DU GËSS GEBRAUCHT

Maach mat!

Image

AM NOUTFALL JUST ENG NUMMER

Image