Pasta-Owend - Freides, den 22 Mäerz 2024
🍝Freides, den 22 Mäerz 2024 organiséiert déi „Äischer Pompjeeën asbl“ hiren éischte Pasta-Owend „à volonté“ am Kiischpelt, dëst am Centre communale zu Wëlwerwolz.
Hei kennt dir aus verschiddene Zorten vun Nuddelen a verschiddenen Zoossen auswiele wat dir Iesse wëllt.
💪👍Mir sinn houfreg drop, en zousätzlecht Zil wat mir eis gesat haten, datt dësen Owend e „💚Green Event💚“ soll sinn, erreecht ze hunn.💪👈 Mee wat ass dat iwwerhaapt??
Dat heescht, mir verschaffen haaptsächlech Produiten déi hei zu Lëtzebuerg hiergestallt ginn a wou d´Ressourcen och aus Lëtzebuerg sinn. Zum Beispill kennt eis Fleesch aus dem Kiischpelt vum David L´Ortye, a Geméis vum Biohaff Fischbach.
Des weideren hu mir drop opgepasst, haaptsächlech BIO a FAIRTRADE Produiten ze verschaffen.
Thema Ëmwelt loung eis natierlech och um Häerz, mir passen drop op, datt den Offall, de mir hunn uerdentlech getrennt an entsuergt gëtt. Och schaffe mir mir mat recycléierte Produiten, a Produiten, déi de Label vun der Superdreckskëscht hunn.
♻️Mir verzichten op Einwegmaterial, dir kritt bei eis vu richtegen Telleren ze iessen, hutt richtegt Besteck am Grapp an drénkt aus Glieser oder Tasen.
Eis Gedrénkskaarten an all Affiche am Sall ass op 100% recycléiertem an net gebleechte Pabeier, a kann erëm benotzt ginn.
Op onnéideg Dekoratioun am Sall ass verzicht ginn.
Jiddereen, den eis e Präis fir an eis Tombola gestëft huet gouf sensibiliséiert fir op ze passe keng Einwegproduiten dran ze maachen.
🚂🚲🚌Eise Site ass ganz gutt mam ëffentlechen Transport ze erreechen, ausserdeem fannt dir direkt bei der Gare och Parkplaze fir äre Vëlo, sief et déi ëffentlech oder an der M-Box.
Bei eis ass alles ♿Rollstullgerecht an ouni Schwieregkeet accessibel.