Dampmelder

Ubrénge vun Dampmelder an Neibauten ass obligatoresch

Um Sënn vun engem Dampmelder gëtt et kaum Zweifel, trotzdem hutt net emol all zweeten Haushalt een installéiert.

Säit dem 1. Januar 2020 ass d’Ubrénge vun Dampmelder an Neibauten obligatoresch. D’Dampmelder mussen dann um Niveau vun Fluchtweeër an a Schlofkummeren ubruecht ginn. Ab Januar 2023 wäert d’Dampmelderpflicht vir all Haushalt am Land gëllen.

Firwat een Dampmelder?

Am Fall, wou sech Damp entwéckelt, geet direkt den Alarm lass an Dir kënnt Iech esou séier wéi méiglech a Sécherheet bréngen an d‘Pompjeeën um 112 ruffen, grad an der Nuecht.

Wou sollt Dir en ophänken?

Den Dampmelder muss obligatorisch um Niveau vu Fluchtweeër an a Schlofkummeren ubruecht ginn. D’Ubrénge vun engem Dampmelder an anere Beräicher ass recommandéiert.

Gitt Uecht, datt den Dampmelder konform zu de Normen ass an mat dem CE Symbol gekennzeechent ass.

Méi Infos: www.rauchmelder.lu

DU GËSS GEBRAUCHT

Maach mat!

Image

AM NOUTFALL JUST ENG NUMMER

Image