Asazzenter

Äischer a Kautebaach

De CIS Kiischpelt besteet aus zwee Asazzenteren, Äischer a Kautebaach.

De Pompjeesbau zu Äischer ass am Joer 2001 ageweit ginn, ass ass am Burreneck ze fannen. Ee Groussdeel vun den aktive Pompjeeë wunnen net wäit vum Zenter ewech, wat Ausréckzäiten innerhalb vu puer Minutte méiglich mécht.

Nieft de Garage sinn vum Red-de-Chausée een Atelier, ee Sanitärblock an ee Lager ze fannen, Um éischte Stack befënnt sech den Instruktiounssall. Hei gi Versammlungen a Formatiounen ofgehalen.

Am Joer 2014 hutt de CIS Kiischpelt eng zousätzlech Base zu Kautebaach kritt. Hei ass ënner annerem een TSF-W stationéiert.

Nieft der Garage befënnt sech am Gebai och ee Versammlungsraum an ee Sanitärblock. Um ierweschte Stack ass eng Kleederkummer an ee Stock ageriicht ginn.

DU GËSS GEBRAUCHT

Maach mat!

Image

AM NOUTFALL JUST ENG NUMMER

Image