CIS Kiischpelt

We si mir?

Wéi zu senger Grënnung fonctionéiert de CIS Kiischpelt och haut nach ausschliisslech mat fräiwëllege Mataarbechter déi hiren Déngscht ouni Bezuelung verriichten. Si schaffen am Alldag an deene verschiddenste Beruffer.

Übungen an Ausbildung fannen Owes oder de Weekend, also an der Fräizäit, statt. Déi reegelméisseg Übunge fannen am Prinzip 2x de Mount statt, Wartungs an Astandsëtzungsaarbechte gi jee no Bedarf gemaach. Pompjeeë sënn ronderëm d'Auer asazbereet, soulaang si sech net ausserhalb ophalen oder verhënnert sënn. Am Eeschtfall ginn si iwwer Piipsert alarméiert. Dobäi ass et onwichteg ob de Pompjee zum Zäitpunkt vum Alarm op der Aarbecht ass oder a senger Fräizäit, den Asaz geet vir.

De CIS Kiischpelt besteet aus der Fusioun vun zwee fréiere Pompjeescorpsen, de fréiere Corpsen Äischer a Kautebaach.

Säit dem 1 Juli 2018 sinn déi Kiischpelter Pompjeeë kee Gemengeservice méi, mee si stinn ënnert der direkter Verwaltung vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS).

DU GËSS GEBRAUCHT

Maach mat!

Image

AM NOUTFALL JUST ENG NUMMER

Image