Feierläscher

sollt a kengem Haushalt feelen

Een technisch awandfräien a secherheetsgepréifte Feierläscher sollt a kengem Haushalt feelen.

Fir kleng Bränn selwer ze läschen a gréissere Schued ze vermeide sollt Dir ee Feierläscher an ärem Haushalt hunn. Fir am Noutfall gerëst ze sënn, muss een awer net just wësse wéi ee mat engem Feierläscher ëmgoe muss, mee och wéi ee Feierläscher een iwwerhaapt benotzte soll. Een Universal-Feierläscher gëtt et nämlech net. Dat brennend Material ass ausschlaggebend fir Weil vum richtege Feierläscher. D’Brandklass gëtt un fir wéi eng Bränn ee Läscher agesat ka ginn.

D’Brandklassen am Iwwerbléck
Déi gängigst Feierläscher

1. Schaum-Feierläscher
Si hannerlosse kaum Dreck an de Schaum ass liicht ewech ze botzen. Des Modeller sënn allerdings just fir d‘Brandklassen A a B gëeegent.

2. Polfer-Feierläscher
Dës Läscher kënne fir d’Brandklassen A, B, C an D agesat ginn. D’Verschmotzung beim Asaz vu Polferläscher sinn allerdéngs grouss a schwiereg erëm ewech ze kreien.

3. Waasser-Feierläscher
Des Modeller hunn eng geréng Läschkraaft an kënne just fir d’Brandklass A agesat ginn.

4. Kuelendioxid-Feierläscher
Ee Kuelendioxid-Feierläscher entzitt dem Brand de Sauerstoff. Op des Manéier ass et quasi méiglich ouni Réckstänn ee Brand ze läschen. Dëse Modell ass allerdings just fir d’Brandklass B ausgeluecht.

5. Fettbrandläscher
Wou vill mat Ueleger a Fett geschafft gëtt bitt sech dëse Modell un. Ee Fettbrandläscher eegent sech fir d’Brandkklassen A, B an F.

Wéi asetzen?
Wou ophänken?

Ee Feierläscher soll fir eng schnell Notzung grëffbereet positionéiert sënn. Sënnvoll Positioune sënn Gäng, Kichen, Atelieren an zentral geleeë Raim.

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser!

Fir datt ee Feierläscher och fonctionéiert wann en muss, soll en all 2 Joer an engem Fachbetrib kontrolléiert ginn.

DU GËSS GEBRAUCHT

Maach mat!

Image

AM NOUTFALL JUST ENG NUMMER

Image