Locatioun Sall

déi perfekt Plaz fir äert Familljefest

Eise Sall am Pompjeesbau eegent sech fir Familljefester, Clubfeieren, Versammlungen, Workshoppen oder sonstig Veranstaltunge bis maximal 70 Persounen. Och fir Ausstellunge gëtt hei den ideale Kader gebueden. Fir Partye steet de Sall net zur Dispositioun.

Als Locataire kann een de Sall, d'Kichen, de Sanitär an de komplette Mobilier notzen. Déi professionell ageriichte Kichen ass ausgestatt mat Uewen, Spullmaschinn, Mikrowell, Kachmaschinn, Grill, Kaffismaschinn a Geschier fir 70 Leit. Am komplette Gebai gëllt strikt Fëmmverbuet.

Tariffer

1 Dag - Sall ouni Kichen = 100 €
2 Deeg - Sall a Kichen = 200 €

Bei enger méi langer Locatiounsdauer kënnt Dir Eech gäre mat eis a Verbindung setzen.

Kalenner Reservatiounen
DU GËSS GEBRAUCHT

Maach mat!

Image

AM NOUTFALL JUST ENG NUMMER

Image