Geschicht

Vun den Äischer Pompjeeën zum CIS Kiischpelt

D‘Grënnung

Am Joer 1891 goufen déi fräiwëllig Pompjeeë vun Äischer no engem Groussbrand an der Loumillen an d’Liewe geruff. Als éischte Präsident amtéiert de Michel Miller an als éischte Kommandant de spéidere langjärege Präsident Nicolas Reiners.

Bal all Sonndeg sinn déi aktiv Memberen zum Dingst ugetrueden. Et huet och net lang gedauert bis de jonke Pompjeescorps bei enger Rei gréissere Bränn huet missen agräifen, sou ënner anerem am Joer 1899 bei engem Groussbrand zu Drauffelt wou 3 Haiser a Flame stoungen oder e bësse méi spéit beim Brand vun der Schoul zu Äischer.

Déi fräiwëllig Pompjeeë konnten am Ufank just op eng Drockpompel zréck gräifen. D’Waasser hutt misse mat Eemeren an d’Pompel geschott ginn. Wéi dës dunn am Joer 1913 duerch eng Saug- an Drockpompel war d’Äischer Pompjeeën nawell houfreg op hiert neit Läschgerät.

Iwwer laang Joren hutt dës éischtklassigt Gerät säin Dingst geleest. Eréischt am Joer 1954 ass se duerch eng méi leestungfäig, mat véier Lanzen ausgerëste, Motorsprëtz ersat ginn. Bis haut ass d’Pompel am Besëtz vun den Äischer Pompjeeën.

Schwéier Joren

Déi schwéierst Zäiten hutt de Corps wärend de Krichsjoren erlidden. De Pompjeeë goufen d’Uniforme verbueden an ee Virstand hutt net dierfe gewielt ginn. An awer hu sech ëmmer erëm Männer a Frae fonnt, déi mat vollem Asaz fir de Veräi geschafft, a soumat um Liewe gehalen hunn. „So wollen wir dann das Werk der Vorfahren weiterführen zum Wohle der Gemeinde“ hutt den deemolige Kommandant no Krichsenn neier geschriwwen.

Den éischte Fändel haten déi fräiwëllig Pompjeeë well zwee Joer no hirer Grënnung kritt. Bei Geleeënheet vum 60-järige Bestoen am Joer 1951 krut de Corps een neie Fändel iwwerreecht. D’Joffer Marie Weis an den Här Joseph Reckinger ware Pätter a Giedel vun dësem Fändel.

D’Modern zitt an

Am Joer 1976 ass den Unhänger dee vun engem Trakter gezu gouf ausser Betrib gesat ginn an ee TSF Ford Transit gouf an den Dingst vun den Äischer Pompjeeë gestallt. Ee Joer méi spéit gouf dunn och déi nei Pompel (TS 8/8) a Betrib geholl.

De 6. August 1978 haten d’Äischer Pompjeeën déi grouss Éier de Kantonaldag auszeriichten. Ronn 300 Pompjeeën hate sech zu Äischer afonnt fir dësem Evenement ee würdege Stempel opzedroen. Een Ëmzuch, verschéinert duerch Musiken aus dem Kiischpelt a Munzen, hu sech duerch déi voll Stroosse geschlängelt. Eng Partie Éieregäst, dorënner de Minister Jos Wohlfahrt, de Vizepresident vun der Federatioun Jean Stracks haten op der Tribün Plaz geholl fir der Parade bäi ze wunnen.

Zum 100-järige Bestoe gouf de 14. August 1991 ee grousst Volleksfest an ee Concours fir historische Läschgeräter zu Äischer organiséiert. Iwwer 30 Equippen hu sech mat hirem Läschmaterial aus der Pionéierzäit präsentéiert fir géintenee unzetrieden.

Zu dësem Ulass gouf de Pompjeesbau zu Äischer an Eegeregie komplett renovéiert. Och déi éischt Otemschutzgeräter konnten an dësem Joer a Betrib geholl ginn.

DU GËSS GEBRAUCHT

Maach mat!

Image

AM NOUTFALL JUST ENG NUMMER

Image
D’Jugend steet an de Startlächer

Mat Iwwerzeegungskraaft, Iddien a vill Engagement ass et dem Virstand vun de fräiwëllige Pompjeeë gelongen eng Grupp vu Jugendliche fir d’Grënnung vu Jugendpompjeeën ze gewannen.

Ënnert der Féierung vum Jugendleeder Jean-Marie Boumans hu sech Ufank Mee 1994 déi éischt Jugendpompjeeën zesumme fonnt. Zu dësem Zäitpunkt hutt de Grupp aus 8 Jugendpompjeeë bestan, dorënner ee Meedchen a siwe Jongen am Alter tëscht 8 an 12 Joer. Speziell fir si hutt dee Corps dann och Uniformen, Helmer, Stiwwelen an Händche fir déi jonk Pompjeeën ugeschaaft.

Am Summer 1997 stoung deen éischte groussen Ausfluch um Programm. Zesumme mat  de Jugendpompjeeën aus dem Nopeschduerf Eeschwëller hutt d’Ekipp um internationale Camp „Tulisalpa“ mat iwwer 5.000 jonke Pompjeeën zu Utti Valkeala a Finnland deelgeholl.

An dësem Kader gouf och ee Concours no CTIF Virgaben organiséiert. D’Jugendpompjeeë moosse sech hei ënnertenee a verschiddenen Disziplinne, ënner anerem een Hindernislaf mat Läschugrëff an ee Staffellaf. Déi jonk Ekipp vun Äischer hutt bei dësem Concours déi sensationell zweete Plaz ënner 19 Natiounen erreecht an hutt sech just der Ekipp aus Éisträich misse geschloe ginn.


Wichtig Néierungen

Bei engem Accident am Joer 1997 huet den TSF een Totalschued erlidden a gouf ee Joer méi spéit duerch een an Eegeregie ëmgebaute Klengbus ersat. Gläichzäitig gouf een Unhänger (TSA) gebaut fir dat genannte Gefier ze ergänzen. Als Pompel hutt zu dësem Zäitpunkt eng TS 8/8 Baujoer 1976 gedingt.

Fënnef Joer méi spéit gouf et erëm ee Grond fir ze feieren. Een neie Pompjeesbau gouf opgeriicht a mat vill Aarbicht vun de Memberen no eegene Virstellungen ageriicht.

Dat neit Gebai huet zwou Garagen, een Instruktiounssall, eng Kiche souwéi ee Büro. Ausserdeem kréien d’fräiwëllig Pompjeeë vun Äischer ee neie Fändel, vu datt de Virgängermodell iwwer d’Jore béis gelidden hutt.

Am Joer 2004 gouf an Eegeregiee Liichmastunhänger ugemellt an a Betrib geholl. Dëse kënnt bei Iwwerschwemmungen an annere Naturkatastrophen zum Asaz.

Ee Joer méi spéit gouf vun der Gemeng ee Jeep kaaft a vun de Pompjeeën an Eegeregie fir den technischen Asaz ausgerëst. 2009 hutt sech de Fuerpark vun de Pompjeeën dunn op e Neits vergréissert, wéi een TSF-W (Tragkraftspritzenfahrzeug) mat engem 800 Liter Waassertank ugeschaft gouf.


Eng Ära geet ob een Enn

D’Ära Äischer Pompjeeë geet de 5. Abrëll 2012 op en Enn. Déi fräiwellig Pompjeeë vun Äischer a Kautebaach hu sech zesumme geschloss an heescht ab elo Fräiwëllige Pompjeeë Gemeng Kiischpelt. Fir awer net ganz op deen alwierdegen Numm an déi domat verbonne Geschicht verzichten ze mussen, gouf zu selwischten Zäitpunkt d‘Äischer Pompjeeën asbl gegrënnt, déi all Niewenaktivitéite vum Corps organiséiert.

De Corps Kiischpelt steet haut op gesonde Been mat enger gutt forméierter a motivéierter Ekipp aus Pompjeesfraen a Männer déi regelméissig bei de verschiddensten Asätz an a ronderëm d’Gemeng Kiischpelt zum Asaz kommen.