Éischt Hëllef

Éischt Hëllef ka Liewe retten!

Passéiert ass séier eppes. Kënnt Dir hëllefen? Déi wesentlich Éischt Hëllef Moossname sollt jidderee kennen.

Éischt Hëllef ka Liewe retten

Engem Verkéiersaffer oder engem Erkrankte kann Dir wierksam hëllefen, wann Dir déi liewensnoutwenneg Moossnahme richteg a séier kënnt asetzen.

Ween nëmmen hëlleflos ronderëm steet verschenkt wäertvoll Minutten, an déi ginn op Käste vun den Iwwerliewenschance vum Affer. Egal ob privat, an der Schoul oder op der Schaff: Gutt ausgebilte Sekuriste sënn ee wichtigt Glidd an der Rettungsketten.

Éischt Hëllef léieren

Een Éischt Hëllef Cours emfaasst16 Stonnen theoretisch a praktisch Eenheeten a gëtt duerch de Leiergangsleeder duerch eng kontinuéierlech Léiererfollegskontroll validéiert. Den erfollegräiche Participant krëtt een Diplom iwwerreecht. Dësen Diplom ass 5 Joer gëltig.

Folgend Grondelementer vun der Rettungshëllef ginn am Éischt Hëllef Cours  duerch geholl:

- Éischtmoossnamen op der Onfallplaz
- Wondversuergung a Verbänn
- Verbrennungen
- Bewosstlosegkeet a stabil Säitelag
- Basic Life Support unhand vun der Häerzdrockmassage an engem Automatischen Externen Defibrillator (AED)
- Reanimatioun bei Kanner
- Motorradshelm ausdinn
- a villes méi

Agendae vun aktuellen Éischt Hëllef Course fannt Dir zu all Ament ënnert folgende Links

CGDIS
Roud Kräiz Lëtzebuerg

DU GËSS GEBRAUCHT

Maach mat!

Image

AM NOUTFALL JUST ENG NUMMER

Image