Jugendpompjeeën

Ouni eis gëtt et brenzlig

D'Jugendpompjeeë sënn haut déi wichtigst Nowuesquell fir eisen Zenter. Spillerisch léiere Jongen a Meedercher tëscht 8 a 16 Joer d'Pompjeeë kennen.

D'Aktivitéit besteet zu Hallschent aus pompjeestechnischer Ausbildung souwéi allgemenge Fräizäitaktivitéiten. Jugendpompjeeë sënn eng gratis Ariichtung a gëtt duerch fräiwëlleg Memberen aus eisem Zenter geleet. Eng Kooperatioun vum Zenter vu Klierf erméiglecht een nach méi ofwiesslungsräiche Programm.

Wat gëtt bei de Jugendpompjeeë gebueden?

Bei de Jugendpompjeeë gëtt eng grouss Unzuel un Aktivitéite gebueden. Nieft den Übungen huelen déi Jugendlich u verschiddenen Evenementer deel, sou zum Beispill Zeltlager, Schwamm- a Crossmeeschterschaften oder Rallyen.

A Form vu Leestungsoofzeechen an 3 Stufen (Bronze, Sëlwer a Gold) gëtt d'Formatioun vum zukünftige Pompjeeë assuréiert ouni dobäi op Spill a Spaass ze verzichten.

Ab dem 10. Liewensjoer an enger Memberschaft vun engem Joer kann de jonke Pompjee de Wëssenstest a Bronze maachen. Hei musse jeeweils 8 Froen zu den Theme Klengläschgeräter, Pompjeesmaterial a Kniet beäntwert ginn. Mat 12 Joer ass dann de Sëlwer Test un der Rei. Hei ginn et Froen zu de Pompjeesgefierer, de Leederen a Schläich, de Kniet an de Reegelen am Stoosseverkéier. Am Alter vu 15 Joer kënnt mam Gold dann den Ofschlosstest. Hei sënn ënner Anerem Froen zur Organisatioun, dem Läschen an der Drénkwaasserversuergung re beäntweren. Dës Tester së gläichwäertig mat der Grondausbildung déi all aktive Pompjee maache muss. Mat 16 ziels du dann zu deene grousse Pompjeeën.

Wéi eng Konditioune muss een erfëlle fir bei de Jugendpompjeeë Member kannen ze ginn?

Fir bei de Jugendpompjeeë bäitrieden ze kanne muss een am Alter tëscht 8 a 16 Joer sënn.  Tëscht Meedercher a Jonge maache mir keen Ënnerscheed, jiddereen ass Wëllkomm.

Wëlls de Member ginn solls du Teamgeescht, Loscht um Erléiere vu neien Techniken, eng gewëss Ausdauer a gäre Spaass an der Ekipp hunn.

Du bass intresséiert?

Du bass virwëtzeg ginn a wëlls méi gewuer ginn. Da mell dech bei eis via Mail, Facebook oder Telefon an komm an déi nächst Übung kucken. Mir freeën eis ob all Besuch.
Et lount sech :)

DU GËSS GEBRAUCHT

Maach mat!

Image

AM NOUTFALL JUST ENG NUMMER

Image